Begleedung vun de Familljen

Zënter hirer Grënnung, stellt d’ELA déi betraffe Familljen an de Mëttelpunkt vun all hiren Aktiounen. All Struktur begleet a sengem Land déi Krank an hir Famill duerch all d’Etappe vun der Krankheet. Dës Ënnerstetzung kann verschidde Formen hunn wéi z.B. psychologesch, medizinesch-sozial a finanziell Ënnerstetzung, d’Organisatioun vun Selbsthilfergruppen asw.

D’Léisungen, d’Moyenen an d’Methode fir d’Ënnerstëtzung ginn un déi verschidden Handicapen adaptéiert (motor, sensoresch, kognitiv, psychesch, polyhandicap). All Handicap kritt hir Ënnerstëtzung an hir ganz spezifesch Léisungen. Den evolutive Charakter vun der Pathologie mat, heiansdo rare Blitzentwécklungen, erfuerdert konstant Upassungen vun de Moyenen, der Pfleeg an Ënnerstëtzung.