D’Sensibiliséirung vun der ëffentlecher Meenung

D’ELA entwéckelt Mëttel fir d’Sollicatioun, d’Visibilitéit a Spendenopriff ze organiséieren, mat enger kuerzer, mittlerer a laangfristeg Strategie. D’Zil ass Spenden ze sammelen fir dës Missiounen ze erreechen.

ELA organiséiert Aktiounen fir de gréisst méigleche Publique ze sensibiliséieren fir dës oft onbekannte Krankheet wéi:

d’Mobiliséierung vum Publique (Privatleit, Schoulen, Entreprisen, Politiker, Associatiounen …),
den Recrutement vu Sponsoren a Partneren ,
d’Organisatioun vun Evenementer,
d’Präsenz vun Familljen a Sponsore op Evenementer,
Mailingen bei Donateure schécken
Opklärung iwwert d’Méiglechkeet fir Donen duerch Leguen, Donen, Liewesversécherungen ze maachen … ,
d’Partnerschaft mat de Medien ,
d’Publikatioun vun der trimestrieller Zeitung ELA Info déi a méi wéi 9000 Exemplaire gedréckt gëtt; zousätzlech am Juni, Zesummefaassunge vun de leschte wëssenschaftleche Fortschrëtter,
Animatioun vun der Websäit an den sozialen Netzwierker (Facebook, Twitter …),
de Verkaf vun ELA Produiten,
d’Aféierung vun neie Aktiounen an Hëllef mat Spendenaktiounen …

Den ëffentleche Spendenopruff ass essential fir déi vill ELA Missiounen ze finanzéieren.