D’Fuerschung

ELA ass de gréisste Financeur vun der Fuerschung fir d’Leukodystrophie. Bis haut goufen ongeféier 500 Fuerschungsprojekter fir insgesamt 43,5 Milliounen Euro finanzéiert. Duerch eis nohalteg Efforten, säit méi wéi 25 Joer, sinn mir haut am Ufank vun den éischten Behandlungen.
All d’Aktioune vun der ELA hunn als Zil, Spendenaktioun fir d’Fuerschung ze finanzéieren (Sammlungen op Evenementer, Spendenappeller, Sponsorenkaarten, Parrainagen, Produktverkaf asw) .

 

• méi wéi 40 Milliounen Euro goufen an déi medizinesch Fuerschung investéiert ; 511 Programmer goufen dovunner finanzéiert, dat mécht aus der ELA de gréisste Financeur an der Leukodystrophie-Fuerschung.
• 2,2 Milliounen Euro an enger europäescher Biobank speziell bei Leukodystrophien.
• 800.000 Euro an enger klinescher Multi-Center-Klinik (Barcelona, Paris, Berlin) fir Leukodystrophie.

 


Méi erfueren iwwer d’Fuerschung