Entwécklung vun der Fuerschung

D’Objektiv vun der ELA ass, den franséischen an internationale Fuerschungslaboratoiren dobäi ze hëllefen, d’Mechanisme vun der Krankheet besser ze verstoen, déi responsabel Genen ze identifizéieren, an nei therapeutesch Strategien ze entwéckele fir géint Leukodystrophien ze kämpfen.

All Joer, lancéiert d’ELA ee Rechercheprogramm am Domaine vun der genetescher Leukodystrophie.

D’ELA organiséiert regelméisseg e wëssenschaftleche Kongress, bei deem international Spezialisten an der Matière vun den Leukodystrophien an der Myelinreparatur zesumme kommen. Bei dësem Evenement kann een sech iwwert de leschte Stand vun den neiesten Entdeckungen informéieren an en erméiglecht den Austausch an d’Zesummenaarbecht tëschent Laboratoiren.

Zousätzlech gëtt all Joer een Colloque fir d’Patienten a hir Familljen organiséiert. Bei dëser Geleeënheet ginn d’Spezialisten Informatiounen iwwert den Fortschrëtt vun der Fuerschung an Äntwert op Froen. Et ass een eenzigartige Moment vun Austausch tëschent Fuerscher, Familljen a Patienten.

ELA ass den éischte Financeur an der Spenderecherche am Domaine vun der Leukodystrophie. Bis zu ongeféier  500 Fuerschungsprojeten, fir een Total vun méi wéi 40 Milliounen Euro goufe vun der ELA finanzéiert.