D’ELA entwéckelt Mëttel fir d’Sollicatioun, d’Visibilitéit a Spendenopriff ze organiséieren, mat enger kuerzer, mittlerer a laangfristeg Strategie. D’Zil ass Spenden ze sammelen fir dës Missiounen ze erreechen.
ELA organiséiert Aktiounen fir de gréisst méigleche Publique ze sensibiliséieren fir dës oft onbekannte Krankheet wéi:
• d’Mobiliséierung vum Publique (Privatleit, Schoulen, Entreprisen, Politiker, Associatiounen …),
• den Recrutement vu Sponsoren a Partneren ,
• d’Organisatioun vun Evenementer,
• d’Präsenz vun Familljen a Sponsore op Evenementer,
• Mailingen bei Donateure schécken
• Opklärung iwwert d’Méiglechkeet fir Donen duerch Leguen, Donen, Liewesversécherungen ze maachen … ,
• d’Partnerschaft mat de Medien ,
• d’Publikatioun vun der trimestrieller Zeitung ELA Info déi a méi wéi 9000 Exemplaire gedréckt gëtt; zousätzlech am Juni, Zesummefaassunge vun de leschte wëssenschaftleche Fortschrëtter,
• Animatioun vun der Websäit an den sozialen Netzwierker (Facebook, Twitter …),
• de Verkaf vun ELA Produiten,
• d’Aféierung vun neie Aktiounen an Hëllef mat Spendenaktiounen …
Den ëffentleche Spendenopruff ass essential fir déi vill ELA Missiounen ze finanzéieren.